SERVICER
Mir schafe, suivéieren a leede projeten
Dir hutt eng ongeféier Iddi vun deem, wat Dir wëllt?
Loosst eis dorausser ee Konzept entwerfen, de Budget definéieren an duerno de Suivi vum Projet bis zur Ëmsetzung maachen.
Mir passen op, datt d'Deadlinen agehale ginn, datt déi verschidden Intervenante matenee schwätzen an datt Dir zu deene richtegen Amenter Decisiounen op Basis vun de Fakte kënnt huelen.
De Suivi soll net Äre Probleem sinn - mir behalen de Projet op de Schinnen.
Am Moment setze mir een immense Projet mat der Gemeng Biissen ëm. Hei fannt Dir méi Informatiounen dozou.
​
mir schafe Sënn an identitÉit
Andeems mir d'Werter vun Ärem Projet analyséieren an eis ganz op en aloossen, hëllefe mir Iech de Projet fir all Zilgrupp ze formuléieren. Dann erschafe mir déi richteg visuell Identitéit an déi passend Medie fir en ze kommunizéieren.
Mir ënnerstëtzen Iech bei der Kommunikatioun vun Ärem Projet
Projete si komplex an Dir sitt oft la tête dans le guidon fir se nach virun der Deadline fäerdeg ze kréien.
Mir iwwerhuele fir Iech de ganze Volet Kommunikatioun a vermëttelen de Projet un Äre Public.
Consulting
communication
mir organiséiere Konferenzen
Ee vun de beschte Weeër Opmierksamkeet fir ee Sujet ze kréien ass iwwert eng interessant Konferenz. Villäicht hutt Dir just den Thema a sicht een, deen Iech dorausser eppes mëcht? Dat geet eis duer: Mir sichen d'Plaz, d'Riedner, këmmeren eis ëm de Catering a fir datt alles an Ärem Sënn verleeft moderéiere mir selwer. Sou kritt Dir vun eis e komplette Service fir Äre Message no baussen ze droen.
Mir bidde content- a copywriting
Dir braucht Contenu fir eng Broschür? Oder Copywriter mat engem kloren Interessi un nohaltege Sujeten? Da si mir genee déi Richteg fir Iech!
Mir liwweren Texter op Englesch, Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch.
​
essential to your
project
Mir organiséiere Biergerbedeelegung
Wann Dir wëllt, datt Äre Projet ee Succès gëtt, da kommt Dir hautzedaags net laanscht Biergerbedeelegung. Et ass e Prozess, bei deem privat Persounen d'Méiglechkeet kréien, Afloss op Decisiounen vun der ëffentlecher Hand ze huelen, an esou een Deel vum demokrateschen Entscheedungsprozess ze ginn.
Wann Äre Projet een Impakt op d'Liewe vun Äre Bierger huet, dann entscheed Iech duerfir, si mat anzebannen. Doduerch datt Dir vunenee kënnt léieren, gëtt Äre Projet méi staark a méi resilient.
Mir bidde KommuniKations- Formatiounen
Kommunikatioun kritt och an Ärer alldeeglecher Aarbecht ëmmer méi eng Wichtegkeet. ÄreBudget erlaabt Iech wer net ee Kommunikatiounsexpert oder een Departement anzestellen? Mir bidden Iech Formatiounen fir Är Mataarbechter un, fir hinnen ee bessert Versteesdemech fir Prozeduren, Kommunikatiounstaktiken a Strategien ze ginn. Generell zile mir drop of, de Mataarbechter eng Denkweis ze vermëttelen déi et hinnen erlaabt, esou Missiounen duerchzeféieren.
KOMMUNIkATION ASs ëmmer a Beweegung
Mir si fir Iech do an hëllefen Iech ze verstoe wat gemaach muss ginn, wéini an a wéi enger Reiefolg. Sou huet Äre Projet déi beschte Viraussetzungen e Succès ze ginn.
The single biggest problem with communication is the illusion that it has taken place.